Quizowend
Mir invitéieren Iech häerzlech, en ofwiesslungsräichen Owend mat eis ze verbréngen! Trommelt är Frënn, Famill oder Veräinskolleege zesummen a mellt Iech als Team vu bis zu 6 Leit un, fir Äert Wëssen op d'Prouf ze stellen.
Fir den Honger an den Duuscht ass natierlech beschtens gesuergt. Am Präis vu 25€ pro Persoun ass de kompletten Menü scho mat abegraff. Dir hutt beim Iessen de Choix tëscht:
Ham, Fritten an Zalot
Vegetaresch Quiche
Als Ofschloss zerwéiere mir Kaffi a Kuch.
Mellt Iech w.e.g. hei un: heas.lu/quizowend